De Juni 2025 war deen drëttwäermsten iwwerhaapt

© Federico Respini / Unsplash
Aus Billiounen Datë vu Satellitten, Fligeren, Schëffer a Wiederstatioune ronderëm d'Welt erstellt Copernicus reegelméisseg déi neiste Wiederanalysen.
Global Temperaturen
De Juni 2025 war, global gesinn, deen drëttwäermsten, mat enger Duerchschnëttstemperatur vu 16,46°C. Dat sinn 0,47°C méi wéi an der Moyenne vun 1991 bis 2020.
De Juni 2025 war 0,20°C manner waarm wéi de Juni 2024, an 0,06°C méi frësch wéi de Juni 2023, deen den zweetwäermste war.
De Juni 2025 war 1,30°C méi waarm wéi de geschaten Duerchschnëtt an der preindustrieller Zäit tëscht 1850 an 1900.
An der Period tëscht Juli 2024 a Juni 2025 louchen d'Temperaturen 0,67°C iwwert der Moyenne vun 1991 bis 2020, an 1,55°C iwwer dem Niveau aus der preindustrieller Zäit.

© climate.copernicus.eu
Temperaturen an Europa
D'Duerchschnëttstemperatur an Europa louch am Juni 2025 bei 18,46°C. Dat war 1,10°C iwwert der Moyenne vun 1991 bis 2020, an domat ass et dee fënneftwäermsten an de Statistiken.
A Westeuropa gouf mat enger duerchschnëttlecher Lofttemperatur vun 20,49°C e neie Rekord opgestallt, mat 2,49°C iwwert der Moyenne vun 1991 bis 2020. Den europäesche Juni 2025 war domat ëm 0,06°C méi waarm wéi dee vun 2003. Zwou Hëtztwellen am Westen an am Süde vum Kontinent hunn dozou bäigedroen.
Global gesinn hunn d'Temperaturen och iwwerduerchschnëttlech Wäerter gehat. An den USA, am Norde vu Kanada, an Zentral- an Ostasien an an der westlecher Antarktis war de Juni méi waarm wéi soss. Ënnert der Moyenne louchen dogéint d'Wäerter a Südamerika (Argentinien a Chile), an Indien an am Oste vun der Antarktis.

© climate.copernicus.eu
Waassertemperaturen
Wéinst den zwou europäeschen Hëtztwellen huet déi duerchschnëttlech Temperatur vun der Surface vum Mëttelmier am Juni 2025 mat 27,0°C e neie Rekord erreecht. Dat waren 3,7°C iwwert dem Duerchschnëtt.
A West- a Südeuropa war et an der Moyenne am Juni méi dréchen, grad esou wéi am Süde vu Skandinavien an an Deeler vu Westrussland. Déi relativ Fiichtegkeet iwwer europäeschem Festland louch 2,7 Prozent ënnert dem Mëttelwäert. Och dat ass e neie Rekord.
All d'Detailer zum neie Rapport vu Copernicus HEI.