Donald Trump deit méiglechen "Deal" mat der EU un

© ANDREW CABALLERO-REYNOLDS / AFP
Am Konflikt ëm d'Erhiewe vun Importtaxen kéint et méiglecherweis zu enger Eenegung tëscht den USA an der EU kommen.
Den US-President Donald Trump huet en Dënschdeg bei enger ëffentlecher Sëtzung vu senger Regierung gesot, dass ee warscheinlech zwee Deeg dovu fort wier, der EU e Bréif ze schécken. "E Bréif bedeit en Deal", sou den amerikanesche Staatschef. Bis ewell hat den Trump esou Bréiwer genotzt, fir Stroftaxe géint Handelspartner ze annoncéieren.
Den Donald Trump hat e Méindeg eréischt den Delai fir Verhandlunge fir d'EU an aner Handelspartner iwwer en Accord am Taxesträit bis den 1. August verlängert. De Republikaner huet en entspriechenden Dekreet ënnerschriwwen, huet sech awer och mat Bléck op den neien Delai nees Spillraum ginn. Fir 14 Länner huet den Trump ausserdeem Taxhaussë vu bis zu 40 % annoncéiert.
No der Verlängerung vun der Frist wéilt den Donald Trump de betraffene Länner am nächste Mount schrëftlech matdeelen, wéi eng Taxhaussë vun August u fälleg ginn - "oder et ginn Deals gemaach an dës Länner verhandele weiderhi mat de Vereenegte Staaten", sot d'Karoline Leavitt, Spriecherin vum Wäissen Haus.
Mat Bléck op déi nei Frist huet den US-President sech awer och nees Spillraum ginn. Op d'Fro, ob den 1. August als Datum feststéing, sot den Trump e Méindeg den Owend bei engem Owesiesse mam israeelesche Regierungschef Benjamin Netanjahu viru Journalisten: "Ech géing soen, dat ass fest, mä net zu 100 % fest".
Taxhaussë vu bis zu 40 %
Am Ganzen huet den Trump 14 Bréiwer op senger Online-Plattform Truth Social publizéiert. Deenen no musse Japan, Südkorea, Malaysia, Kasachstan an Tunesien vun August u mat US-Taxe vu bis zu 25 % rechnen. Fir Südafrika, Bosnien-Herzegowina, Indonesien, Serbien, Bangladesch, Kambodscha an Thailand huet hien Haussen tëscht 30 a 36 % annoncéiert, fir Laos a Myanmar souguer 40 %.
An de Bréiwer, an deene quasi dat selwecht steet, kritiséiert den Trump, d'Handelsrelatioune vun dëse Länner mat den USA wiere "bei Wäitem net" ausgeglach. Hien huet dorop verwisen, datt d'Vereenegt Staate méi Produiten importéieren ewéi si an dës Länner exportéieren. Weider sot hien, datt déi méi héich Taxe bei Zougeständnesser am Handelssträit "vläicht" nach geännert kéinte ginn. D'Bréiwer wieren "endgülteg", mä sollten déi betraffe Staaten "mat enger anerer Offer uruffen an et gefält mir, da maache mir et", sou den Trump nach e Méindeg den Owend.