13 fréier Mataarbechter vun der brittescher Post kéinte sech suicidéiert hunn

© ADRIAN DENNIS / AFP
Ee vun de gréisste Justiz-Skandaler an der brittescher Geschicht kéint zu 13 Suicidë gefouert hunn.
Et geet ëm eng Affär, déi op d'Zäitspan tëscht 1999 an 2015 zeréckgeet. Wärend dëse Jore goufe ronn dausend fräiberufflech Mataarbechter vun der brittescher Post strofrechtlech verfollegt, well si Sue vun der Post solle geklaut hunn. Et huet sech awer erausgestallt, dass d'Sue verschwonne waren, well e Computerprogramm vun der Post Feeler gemaach hat. Vill vun de falsch beschëllegte Mataarbechter koumen an de Prisong.
Aktuell géif déi reell Méiglechkeet bestoen, dass 13 Persounen sech ëmbruecht hunn, well si zu onrecht beschëllegt gi waren, geklaut ze hunn. Dat huet de Chef vun der Enquête, déi nom Opfléie vum Skandal lancéiert gouf, de Riichter Wyn Williams en Dënschdeg matgedeelt. Iwwerdeems hätten 10 weider Persoune versicht, am Zesummenhang mat den Uschëllegunge Suicide ze begoen an 59 Leit hätten doriwwer nogeduecht, heescht et an engem Rapport.
D'Police ermëttelt am Zesummenhang mam Skandal och wéinst engem méigleche Bedruch. Eng Partie héich Mataarbechter vun der Post solle gewosst hunn, dass dee genannte Programm kéint Feeler maachen, sou de Williams am Rapport. D'Post hätt allerdéngs ëmmer behaapt, dass d'Donnéeë vum Programm richteg gewiescht wieren.
Vill vun de betraffenen Ex-Mataarbechter kämpfen nach ëmmer ëm eng Entschiedegung. D'Regierung zu London hat am Juni matgedeelt. dass antëscht ronn 7.500 Leit entschiedegt gi wieren. Eppes iwwer 3.700 Fäll géifen aktuell nach traitéiert ginn.
Leit, déi suizidär Gedanken hunn, kënnen Hëllef bei SOS Détresse um Telefon 45 45 45 kréien. All Informatioune fënnt een op www.prevention-suicide.lu