Genuch Terrain a Waasser fir neie Reakter zu Cattenom
D'Atomzentral vu Cattenom wäert hir Lafzäit nees ëm 10 Joer verlängert kréien.
D'lescht Woch hat déi franséisch "Autorité de sûreté nucléaire" hiren Accord ginn, fir datt 20 franséisch Reaktere mat 1.300 Megawatt Stäerkt 10 Joer méi laang funktionéiere kéinten, dorënner eben déi 4 Reakteren, déi direkt un der Lëtzebuerger Grenz leien. E Méindeg war den europäesche Kommissär fir Energie, den Dan Jorgensen, op Visitt bei eisem franséischen Noper. Hien hat sech Cattenom erausgesicht, fir säin éischte Besuch iwwerhaapt an enger Atomzentral.
1987 ass den éischte Reakter vu Cattenom un d'Netz gaangen. Deemools war gesot gi maximal Lafzäit 40 Joer, deemno hätt en 2027 missen ofgeschalt ginn, mee lo wäerten nach 10 Joer bäikommen.
"Ils ont renchéri leur cahier de charges en terme de sûreté. Ils ont dit :si vous voulez franchir les 40 ans voilà le nouveau cahier des charges. EDF a répondu avec un certain nombre de modifications.Ils ont dit : si vous réalisez ces modifications vous aurez le droit de dépasser les 40 ans et d'aller jusqu'à 50 ans", erkläert de Jérôme Le Saint, Direkter vu Cattenom.

De Jérôme Le Saint, Direkter vu Cattenom / © Maurice Fick / RTL
D'Zentral hat e Méindeg héije Besuch, den Energiekommissär war vu Bréissel ugereest, fir sech de Fonctionement vun enger Atomzentral erklären ze loossen. D'Kommissioun plangt, bis d'Joer 2050 massiv an Atomenergie z'investéieren.
"Mir hu lo kierzlech bei der Kommissioun eng Estimatioun gemaach, wéi eng Investissementer an den nächste Joren am nukleare Secteur néideg sinn. Déi ënner Iech, déi am Secteur schaffen, wëssen, dass mer dee Programm PINK nennen. Bis d'Joer 20250 wäerte mer 240 Milliarden Euro investéieren", sou den Dan Jorgensen, EU-Kommissär fir Energie.

Den Dan Jorgensen, EU-Kommissär fir Energie. / © Maurice Fick / RTL
Fir dass Cattenom d'Erlabnis kritt, nach 10 Joer ze verlängeren, muss sech awer un ee strenge Cahier de charges gehale ginn. Duerfir sinn eng 200 technesch Modifikatiounen néideg, erkläert de Jérôme Le Saint.
"Nous nous apprêtons à faire ces modifications .Il y en a plus de 200 à réaliser sur une visite décennale . Pour nous ce sera en 2027 sur le réacteur numéro 1 . Et maintenant nous nous préparons à réaliser ces modifications pour avoir cette autorisation pour le premier réacteur d'une part et les autres après."
Et wier och genuch Terrain a Waasser zu Cattenom, fir nach ee Reakter vun der ganz neier Generatioun ze bauen. D'Zukunft vun den 2.300 Leit, déi an oder fir d'Atomzentrale schaffen, schéngt also ofgeséchert. Dräi Véierels vum Elektreschen, dat an der Regioun Grand Est gebraucht gëtt, gëtt zu Cattenom produzéiert.

© Maurice Fick / RTL