Passagéier dierfe Schong bei Sécherheetskontroll unhalen

© AFP
Bei de Sécherheetskontrolle fir an d'USA dierf een an Zukunft seng Schong unhalen.
D'Autoritéit fir Transportsécherheet TSA huet decidéiert, dës Prozedur opzeginn, well modern Scanner mëttlerweil och duerch Schong kënne kucken. Dëst soll d’Kontrolle méi effizient maachen.
D’Reegelung gëtt schonn op verschiddene grousse Fluchhäfe wéi New York, Los Angeles a Philadelphia ëmgesat. Nëmmen am Fall vun engem Alarm muss een d'Schong nach ëmmer ausdoen.
Firwat huet een d’Schong iwwerhaapt missen ausdoen?
No engem versichten Attentat am Joer 2001, bei deem e Mann Sprengstoff an de Schong verstopp hat, huet d'TSA ugefaangen, d’Leit systematesch opgefuerdert d'Schong auszedoen, fir potenziell Gefore fréi ze detektéieren.
De Richard Reid, Member vum Terrornetzwierk Al-Kaida, konnt deemools op engem Fluch vu Paräis op Miami vun anere Passagéier iwwerwältegt ginn, nodeems hie probéiert huet, eng Zündschnouer u senge Schong, an deene Sprengstoff war, unzefänken. Hie sëtzt liewenslaang an engem Héichsécherheetsprisong am Bundesstaat Colorado.