Weidere Bëschbrand a Südfrankräich huet Marseille erreecht

© AFP
Am Süde vu Frankräich brennt et. En Dënschdeg koum nach ee Feier dobäi a souguer de Fluchhafe vu Marseille huet missen zoumaachen.
Wéi den Inneminister Bruno Retailleau en Dënschdeg den Owend matgedeelt huet, wiere 400 Bewunner a Sécherheet bruecht ginn. Eng 100 Persoune koume mat liichte Verletzungen an d'Spidol, dorënner och Secouristen. 63 Haiser goufe vu Feier beschiedegt, e puer och komplett zerstéiert. Doudesfäll géif et bis ewell keng, wat de Retailleau "bemierkenswäert" nennt am Hibléck op d'Ausmooss vum Brand.
"Awer, et gëtt all Grond dozou, unzehuelen, dass mir op e Summer mat héijem Risiko histeieren".
An de leschten Deeg gouf et direkt e puer Bëschbränn a Südfrankräich. Wéinst der Dréchent an der Canicule dono konnten d'Flame sech immens séier ausbreeden. En Dënschdeg den Owend huet d'Feier dunn d'Hafestad Marseille erreecht. D'Leit goufen opgefuerdert, Schutz an hiren Haiser ze sichen.
Ausgeléist hat de Bëschbrand en Auto, deen op der Autobunn net wäit vu Les Pennes-Mirabeau a Flamen opgaange war. Bis nomëttes war eng Fläch vu 700 Hektar verbrannt an och de Fluchhafe Marseille huet am fréien Nomëtteg missen zoumaachen. Eng 54 Flich hu misse gestrach ginn, 24 goufen ëmgeleet. Eréischt owes konnt de Fluchtrafic deelweis nees opgeholl ginn. Nieft de Fligere sinn awer och d'Zich a Richtung Norden a Weste vu Frankräich ausgefall. Um Site vun der SNCF ware ronn eng Dosen Zuchverbindungen aus an a Marseille gestrach ginn. Wéi et heescht, wäert den Zuchtrafic och e Mëttwoch nach "staark beanträchtegt" sinn. Nieft Zuch a Fliger, hunn och nach d'Automobilisten et schwéier, zwou Autobunnen an e puer Tunnelle goufe gespaart.
E weidere Bëschbrand an der Géigend vun Narbonne an un der westlecher Mëttelmierküst hat bis en Dënschdeg gutt 2.000 Hektar Vegetatioun zerstéiert. Fënnef Persounen hu misse vun engem Dokter kontrolléiert ginn, dorënner ee Kand. Sechs Haiser goufe bei dësem Feier beschiedegt.
Wat fir uerdentlech Chaos wäert gesuergt hunn, war d'gespaarten Autobunn tëscht Frankräich a Spuenien. Dat a béid Richtungen. Et koum wéi erwaart och zu kilometerlaange Stauen. Vill Leit hunn d'Nuecht missen am Auto verbréngen, eng 150 Persounen hu missen an enger Foireshal zu Narbonne an Turnhalen ënnerbruecht ginn.
Nach all Joer brennt et am Süde vu Frankräich a sëllegen anere Plazen am Süde vun Europa. Wëssenschaftler warnen, dass d'Zuel an d'Intensitéit vun Hëtztwellen an aneren extreeme Wiederphenomeener wäerten an d'Luucht goen.