No der Flutkatastroph am US-Bundesstaat Texas mat iwwer 100 Doudege koum et an der Regioun New Mexico zu enger weiderer Flutwell.

Op d'mannst dräi Persoune sinn dobäi ëmkomm. En Dënschdeg waren e Mann an zwee Kanner vun de Waassermasse matgerappt ginn.

An Texas geet d'Sich no der ëmmer nach grousser Zuel u Vermësste weider. Eleng am Landkrees Kerr, déi am schrooste betraff ass, ginn nach iwwer 160 Persoune vermësst. Eng Zuel, déi sech op Meldunge vu Familljen, Frënn, Noperen a Bekannter baséiert, sou den texanesche Gouverneur Greg Abbott. D'Zuel wäert him no och nach klammen.

D'Sichtruppe si weider mat Helikopteren, Dronen a Sichhënn am Gebitt am Asaz, kommen am Waasser, Bulli an Debrisen awer nëmme lues weider. Déi méi grouss Stécker géifen dobäi immens hënneren an et wier och "geféierlech, déif virzedréngen", seet de Ben Baker vun der texanescher Juegdopsiicht. D'Sich wier "problematesch an zäitopwänneg". Och vill Fräiwëlleger si bedeelegt.

Den Nationale Wiederdéngscht hat en Dënschdeg eng nei Flutwarnung erausginn, ma dës Kéier fir de Bundesstaat New Mexico, westlech vun Texas. Betraff war virun allem d'Duerf Ruidoso. De Waasserpeegel vum Rio Ruidoso wier méi wéi 6 Meter geklommen an huet sou och en neie Rekordniveau erreecht.

Den US-President Trump wëll e Freideg zesumme mat der First Lady Melania an d'Katastrophegebitt an Texas reesen.