Trump annoncéiert Stroftaxe vu 50 Prozent géint Brasilien

Den Donald Trump an den Jair Bolsonaro /
Image
Wikimedia / Alan Santos/PR
Den US-President hält dem fréiere brasilianesche President Bolsonaro d'Partie an annoncéiert Stroftaxen an Héicht vu 50 Prozent géint Brasilien.
Den Donald Trump begrënnt déi héich Taxe mam Virgoe vun der brasilianescher Justiz géint de fréiere President Jair Bolsonaro souwéi mat der "Zensur" vun US-Onlineplattformen am Land. D'US-Importtaxen op brasilianesch Produite sollen deemno den 1. August a Kraaft trieden. Den aktuelle President vu Brasilien, de Luiz Inácio Lula da Silva huet sengersäits direkt Géigemesuren ugekënnegt.
De Prozess géint de Bolsonaro wier eng "Hexejuegd, déi direkt gestoppt" muss ginn, huet den Trump am Schreiwes un de Lula kritiséiert, dat hien op Truth Social publizéiert huet. Den US-President hat der brasilianescher Justiz schonn an de leschten Deeg eng "Attack op e politesche Géigner" reprochéiert.
De Lula huet op X mat der Menace vu Géigemesurë reagéiert. "All eesäiteg Hausse vun Taxe wäert dem brasilianesche Gesetz iwwer ekonomesch Géigesäitegkeet behandelt ginn", huet de lénksgeriichte President geschriwwen.
De 70 Joer alen éischter rietsgeriichte Politiker Bolsonaro muss sech a sengem Heemechtsland wéinst engem presuméierte Putschversuch veräntwerten. Den 1. Januar 2023 hate Bolsonaro-Supporter an der Haaptstad Brasília de Kongress, de Sëtz vum President an dat Iewescht Geriicht gestiermt an do fir vill Zerstéierung gesuergt. Virdrun hat de Bolsonaro, en erkläerten Trump-Supporter, d'Presidentschaftswal géint säi Konkurrent Lula verluer. De Fall erënnert staark un de Stuerm vun den Trump-Supporter op den US-Kongress de 6. Januar 2021, nodeems de Rietspopulist géing den Demokrat Joe Biden verluer hat.
Och de Bolsonaro weist all Reprochen zréck a plangt e politesche Comeback bei der Presidentschaftswal d'nächst Joer, obwuel hie wéinst senger Verurteelung an engem anere Verfare bis 2030 fir d'Wale gespaart ass. Am Fall vun enger Verurteelung am Putsch-Prozess dreeën dem Politiker bis zu 40 Joer Prisong.