Hamas mellt Zouso fir Fräiloossung vun 10 Geiselen

© AFP
Déi radikalislamesch Hamas huet eegenen Aussoen no zougestëmmt, fir 10 weider israeelesch Geisele fräizeloossen.
Doriwwer wier ee sech bei Wafferou-Verhandlunge mat Israel eens ginn, heescht et an enger Erklärung vun der Hamas e Mëttwoch. U sech geet et do ëm eng Wafferou vu 60 Deeg, d’Gespréicher sinn awer ganz "schwiereg". Den Zivilschutz an der Gazasträif, dee vun der Hamas kontrolléiert gëtt, huet Israel iwwerdeem reprochéiert, bei Loftattacken 22 Palästinenser ëmbruecht ze hunn.
Weider zentral Verhandlungspunkte wéi d'Liwwerung vun Hëllefsgidder an d'Gazasträif oder e Réckzuch vun der israeelescher Arméi aus dem Palästinensergebitt wiere weiderhin net gekläert, erkläert d'Hamas mat Bléck op d'Gespréicher zu Doha.
D'Negociatiounen ëm eng Wafferou an d'Fräiloosse vun de Geisele ware rezent nees un d'Rulle komm. Den US-President huet den israeelesche Regierungschef Netanjahu ausserdeem Ufank der Woch zu Washington empfaangen, fir mat him iwwer en Enn vun der "Tragedie" ze schwätzen.
Gläichzäiteg verhandelen Israel an d'Hamas zanter e Sonndeg am Katar bei indirekter Gespréicher iwwer en neit Ofkommes. Um Dësch läit eng Propos vun den internationale Vermëttler fir eng Waffepaus vu 60 Deeg. Ägypten an de Katar vermëttelen tëscht den zwou Konfliktparteien.