Auto mat Lëtzebuerger Placke verursaacht Massekarambolage beim Gotthard-Tunnel

© Polizeimeldungen Kanton Uri
En Auto mat Lëtzebuerger Placken ass responsabel fir e schwéieren Accident beim Gotthard-Tunnel.
Wéi et vun der lokaler Police heescht, koum et op der Autobunn 2 virum Gotthard-Tunnel, op der Héicht vu Wassen, zu engem uergen Accident. En Auto mat Lëtzebuerger Placken hätt dëse verursaacht.
De Won wier aus nach ongekläerter Ursaach mat héijer Vitess engem aneren hannendra gerannt, deen normal op der rietser Spuer gefuer wier, wier dunn op d'Iwwerhuelspuer geroden, wou en nach an en zweeten Auto an um Enn nach an een drëtt Gefier geschleidert gouf.
Am Ganze goufen 10 Persoune verwonnt, dorënner véier méi uerg. Si koumen an d'Spidol. De Schued ass grouss a gëtt op ronn 65.000 Schwäizer Franke (ëmgerechent ronn 69.700 Euro) chiffréiert.
D'Autobunn huet a Richtung Süde musse fir gutt 90 Minutte gespaart ginn. Den Trafic gouf an där Zäit ëmgeleet.