Ferrero wëll um US-Marché wuessen. En éischte Schratt wier gemaach mam Kaf vu WK Kellogg.

D'italieenesch Familljenentreprise Ferrero, mat Verwaltungssëtz zu Lëtzebuerg, huet WK Kellogg opkaaft an dofir 3,1 Milliarden Euro bezuelt - boer. Dat hu béid Konzerner en Donneschdeg matgedeelt.

WK Kellogg ass viru gutt zwee Joer entstanen, wéi sech Kellogg opgedeelt huet. Baussent den USA ass d'Geschäft ënnert dem Numm Kellanova weidergelaf, mat de weltwäit bekannte Snacks wéi "Pringles" an och "Cornflakes". D'Nordamerika-Geschäft ass fir "Kellogg's", "Froot Loops" an och "Frosties" zoustänneg, dat Ganzt ënnert dem Numm WK Kellogg.

Kellanova ass viru knapp engem Joer fir 36 Milliarden Dollar un de "Snickers"-Konzern Mars verkaf ginn. Elo iwwerhëlt Ferrero deemno WK Kellogg, an domat gehéiere "Froot Loops" a "Rice Krispies" an den USA an Zukunft zu Nutella.