Virun 30 Joer war kuerz virum Enn vum Bosnienkrich d’Massaker vu Srebrenica.

Grouss Gedenkfeier fir d'Affer vum Massaker vu virun 30 Joer

Op der Plaz ass e Freideg eng gréisser Gedenkzeremonie, wärend där och weider stierflech Iwwerreschter vun deemolegen Affer an enger zentraler Gedenkplaz bäigesat ginn. Et gi sech dausende Mënsche fir d'Gedenkfeier erwaart, dorënner och Leit, déi en Dënschdeg zu Nezuk fortgaange sinn, en Duerf am Oste vu Bosnien. Si hunn dann en 100 Kilometer "Friddensmarsch" hannert sech. Nezuk gouf net duerch Zoufall ausgewielt, well et war dat Duerf, wouhin déi Leit, déi d'Massaker vu Srebrenica iwwerlieft haten, geflücht waren.

Verschleeft, ëmbruecht an zwangsrelogéiert

Am Bosniekrich war d'Stad Srebrenica 1993 duerch eng Resolutioun vum UN-Sécherheetsrot zu enger Sécherheetszon deklaréiert ginn. Déi muslimesch-bosnesch Communautéit ass am Bosniekrich vun 1992 un no Verdreiwunge vu serbesch gepräägten Truppen a Milizen an d'Stad Srebrenica geflücht. Déi serbesch Forcen hunn Srebrenica dacks attackéiert, an déi humanitär Situatioun huet sech mat der Zäit verschlëmmert. Mam Ufank vun der UN-Missioun zu Srebrenica 1993 ass versicht ginn, d'Stad ze demilitariséieren. Den 11. Juli 1995 sinn allerdéngs d'UN-Friddenstruppe vun Zaldoten aus der Arméi vun der selwer-deklaréierter Serbescher Republik  an dem serbesche Paramilitär zu Srebrenica iwwerrascht ginn, an iwwer 8.000 Jongen a Männer aus der muslimesch-bosnescher Communautéit sinn an Zäit vun nëmmen e puer Deeg verschleeft an exekutéiert ginn. 30.000 Fraen a Kanner sinn aus Srebrenica zwangsrelogéiert ginn.

De President vun der, zu deem Zäitpunkt selwer-ernannter, Serbescher Republik Radovan Karadzi hat dem Chef vun der serbesch-bosnescher Arméi Ratko Mladic den Uerder ginn, "eng Situatioun vun totaler Onsécherheet mat kenger Hoffnung fir déi Iwwerliewend'' zu Srebrenica ze schafen.

D'Massaker vu Srebrenica gëllt als dat schlëmmste Krichsverbriechen an Europa nom Zweete Weltkrich. De Mladic a seng Famill hate sech zanter dem Enn vum Krich am Joer 1995 an engem Duerf a Serbien verstoppt. Ermëttler war et 16 Joer méi spéit, 2011, gelongen, hien opzespieren an ze verhaften.

De fréieren Arméischef gouf wéinst sengen Doten 2017 vum Internationale Strofgeriichtshaff ënnert anerem wéinst Krichsverbriechen zu enger liewenslänglecher Prisongsstrof verurteelt. Zanterhier sëtzt hien am Prisong zu Den Haag.

An de leschten 8 Joer hat hie schonn e puer Mol probéiert, nees fräizekommen. Ganz rezent mat enger Ufro, well hie stierweskrank wier a just nach e puer Méint ze liewen hätt. Schonn 2021 hat hien eng Demande eragereecht. Deemools hat en UN-Tribunal d'Urteel vun Den Haag awer confirméiert.

30 Joer Massaker vu Srebrenica / Reportage Céline Eischen

Gedenktafel zu Lëtzebuerg ageweit

RTL

© Ernad Rafetov AGOVIĆ

En Donneschdeg ass an der Stad eng Gedenktafel fir d'Affer vum Genozid vu Srebrenica ageweit ginn.

Dëst neit Denkmal erënnert un déi 8.372 Mënschen, déi am Juli 1995 gestuerwe sinn. Entworf gouf d'Plackett vum Lëtzebuerger Architekt Luc Theis, op Initiativ vum Comité pour Srebrenica Luxembourg.
 
Ënnert den Invitéë waren d’Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg Lydie Polfer, Memberen aus dem Schäffen- a Gemengerot, Vertrieder vun der Chamber, vun der Ambassade vu Bosnien-Herzegowina, souwéi Membere vun der bosnescher Communautéit zu Lëtzebuerg. Och Famillje vun den Affer waren op der Plaz.
 
De Jasmin Sinanović, Iwwerliewende vum Genozid, huet sech mat dëse Wierder un d’Leit geriicht: "Ech stinn hei, voller Trauer, mee och mat Kraaft, aus der Erënnerung, der Sich no Gerechtegkeet an eiser gemeinsamer Verantwortung, datt d’Wourecht net vergiess gëtt. Dëst Denkmal ass net nëmmen en Zeeche vum Gedenken, mee e Versprieche: ni méi."