Am däitsche Bundesland Rheinland-Pfalz däerfe Membere vun der AfD net méi funktionaliséiert ginn.

Wie sech mellt fir an eng Staatskarriär, fir beispillsweis Schoulmeeschter oder Polizist ze ginn, muss erklären, dass e kenger extremistescher Organisatioun ugehéiert oder an de leschte fënnef Joer ugehéiert huet. Zu deene gehéiert a Rheinland-Pfalz och d’Alternative für Deutschland.

Fir eng Plaz an der Fonction publique misst ee loyal zu der Verfassung stoen, an dat wier bei der AfD net de Fall, gëtt den Inneminister Ebling zitéiert. Wien d'Erklärung refuséiert an Zweiwel un der eegener Loyalitéit géigeniwwer der Verfassung net aus dem Wee raume kann, gëtt net funktionaliséiert oder am ëffentlechen Déngscht agestallt.

Déi nei Virschrëft gëllt an Zukunft fir Neiastellungen. Fir d'Mataarbechter, déi schonn am staatlechen Déngscht schaffen, kann d'Memberschaft an enger extremistescher Organisatioun dogéint disziplinarrechtlech relevant sinn. Decisiv wier den Eenzelfall, huet de Ministère matgedeelt. Bei Verstéiss géint d'Flicht vun der Loyalitéit géigeniwwer der Verfassung, déi nogewise kënne ginn, dreet eng Entloossung aus dem Déngscht.

D’Decisioun ass net onëmstridden, an net just d’AfD selwer huet schonn annoncéiert Plainte ze maachen. Hei géife Leit schikanéiert ginn, just well se eng aner Parteikaart hunn, wéi déi, déi den Ament zu Mainz un der Muecht sinn.