Wärend der Examenszäit bleift d'Liewe gefillt stoen

© AFP
All Juni ass a ganz China Stëllstand. Manner Kaméidi, manner Stress. Ee Mount laang ass et roueg, well et ass Examenszäit.
Eis Korrespondentin Anne Wang wunnt zu Shanghai an erlieft déi spannend Zäit all Joer selwer.
Wat de Premièresexamen zu Lëtzebuerg ass, ass a China de Gaokao. Uechtert d’ganzt Land schreiwen all Joer ronn 12 Millioune Schüler den Examen. Anescht wéi zu Lëtzebuerg variéiert den exakten Datum vu Provënz zu Provënz, mee et sinn ëmmer véier Deeg. De Gaokao ass besonnesch wichteg, well een ouni dësen Diplom guer net studéiere kann. Anescht wéi international Universitéiten, op deene vill Wäert op d’Demande an aner Saache geluecht gëtt, gëtt a China just d’Gaokao-Resultat gekuckt.
A sechs verschiddene Fächer gëtt de ganze Programm vun dräi Joer ofgefrot. Dofir muss engersäits immens vill Material einfach auswenneg gebéchst ginn, anerersäits mussen d’Schüler awer och logesch an abstrakt iwwerleeë kënnen. Vill Schüler fänke schonn dräi Joer virum Gaokao u mat léieren, an dat bis zu 14 Stonnen den Dag. Bei engem maximale Score vu 750, ka jee no Regioun ee Punkt den Ënnerscheed maachen, ob een op der gewënschter Universitéit ugeholl gëtt oder net. En Noexamen, eng zweet Chance, gëtt et net. Vill Schüler widderhuele souguer e ganzt Schouljoer, an der Hoffnung d’Joer drop e bessert Resultat ze kréien.
Wéinst der fréierer Ee-Kand-Politik sinn déi meeschte Schüler Eenzelkanner an hunn dowéinst déi ganz Hoffnungen a Wënsch vun de Famillen op hire Schëllere leien. Dacks gëtt de Kanner gesot, dass dësen Examen iwwert hiert ganzt Liewe wäert decidéieren. E schlecht Resultat ass net nëmme schlecht fir d’Zukunft, mee och fir de Ruff vun der Famill.
Duerfir gëtt probéiert, de Schüler d’Liewe sou einfach wéi méiglech ze maachen. Ganz Quartiere ronderëm d’Schoule gi vum Trafic ofgespaart, fir Kaméidi ze vermeiden. Extra Bus- an Taxi-Servicer ginn ugebueden, fir datt d’Kanner sou séier wéi méiglech vu A op B kommen. Souguer Restauranten a Caféë bidde besonnesch Promoe fir d’Schüler un.
Zanter enger Woch hunn och déi lescht Schoulen hire Gaokao ofgeschloss. Souwuel national, mee och international sinn d'soziale Reseaue voll mat Videoe vu Gaokao-Schüler. Schüler, déi aus hirem leschten Exame flikflaken, oder och e komplette Makeover duerchmaachen, sech d’Hoer fierwen an alles maachen, wat se an deene leschten dräi Joer net konnten: d’Liewe genéissen.