Um Freideg um 19.30 Auer huet et zu Tréier geknuppt: Déi bekannt Blëtzer-Sail un der Kräizung zum Martinsufer louch um Buedem, iwwerfuer vun engem SUV.

Wéi et zu deem spektakulären Accident koum, ass net kloer. Blesséiert gouf awer keen. De Materialschued 100.000 Euro. Een Techniker huet de Blëtzer, deen nach ënner Stroum stoung, gebuergen.