Kerosin-Versuergung vu verongléckter Air-India-Maschinn war ënnerbrach

© AFP
241 Leit u Bord an 19 Persounen, déi um Buedem waren, si bei dësem Accident vun enger Boeing 787-8 Dreamliner den 12. Juni 2025 ëm d'Liewe komm.
Kuerz virum Crash vun der Air India-Maschinn virun engem Mount am westindeschen Ahmedabad war d'Alimentatioun vum Fliger mat Kerosin wuel ënnerbrach. Dat geet aus engem virleefege Rapport ervir.
De Mechanismus, dee mécht datt d'Turbinne Sprit kréien, gouf kuerz nom Start ofgeschalt. De Motor vum Fliger huet doropshin u Leeschtung verluer, an de Fliger ass séier ëmmer méi déif erofgaangen.
Am enregistréiere Gespréich tëscht de Piloten héiert een ee vun de Männer deen anere froen, wisou hien d'Versuergung mam Kerosin ënnerbrach huet. Deen anere Pilot huet just geäntwert, datt hien dat net war, esou d'Ermëttler no der Analys vun de schwaarze Këschten. Kuerz drop hätten d'Piloten en Noutruff rausginn.
Déi amerikanesch Fluch-Autoritéit hat 2018 gewarnt, datt dëse Kontrollschalter sech kéint lassléisen. Well dëse Constat awer net als "onsécheren Zoustand" aklasséiert gouf, goufe vu Säite vun Air India keng Mesuren ergraff.
D'Maschinn war den 12. Juni op e Wunnquartier vun Ahmedabab gefall. Just eng eenzeg Persoun vun den 242 Leit u Bord huet iwwerlieft.