Anescht wéi nach virun zwou Woche soll d'Ukrain elo nees nei Waffen aus den USA kréien. Donieft sollen och d'US-Sanktioune géint Russland verschäerft ginn.

"Mir wäerten hinne Patriots schécken, déi si dringend brauchen", mat deene Wierder huet den Donald Trump e Sonndeg d'Liwwerung vu weidere Loftofwiersystemer un d'Ukrain annoncéiert. Detailer iwwert déi genau Unzuel vun de Patriot-Systemer goufen net gemaach. D'Liwwerunge sollen deemno iwwer d'Nato un d'Ukrain goen an och vun der nordatlantescher Verdeedegungsallianz bezuelt ginn.

Donieft huet den US-President ugekënnegt, nach e Méindeg eng "wichteg Erklärung" zu Russland ofzeginn an och d'Pläng fir Sanktioune Richtung Moskau duerch den US-Kongress weider ze verschäerfen. Deemno kéinte mam neie Sanktiounsgesetz d'Stroftaxe fir déi Länner, déi Russland hëllefen, ëm bis zu 500 Prozent an d'Luucht klammen.

Virun zwou Wochen hat den US-President nach wichteg Waffeliwwerunge gestoppt, déi an der Amtszäit vum Joe Biden decidéiert gi waren. Zanter sengem Untrëtt am Wäissen Haus wëll den Donald Trump de Krich an der Ukrain op en Enn bréngen, ma e Sonndeg huet hien op en Neits betount, wéi "enttäuscht" hie vum Wladimir Putin wier, dee sech weiderhin net prett weise géing fir eng méiglech Wafferou.