Firwat wëll d'EU trotzdeem viru verhandelen?

© AFP
Eigentlech war d'EU optimistesch, den Zollsträit mat den USA kënnen aus der Welt ze schafen an et stoung ee kuerz virun enger gemeinsamer Erklärung.
Ma e Samschdeg huet den US-President Trump der Kommissiounspresidentin von der Leyen e Bréif zoukomme gelooss, an deem hien trotzdeem Douanestaxe vun 30 Prozent op Importer aus der EU annoncéiert. E Méindeg de Moie sinn déi concernéiert EU-Ministeren zu Bréissel beieneen, fir iwwert eng Reaktioun op dee Bréif ze beroden.
Den EU-Handelskommissär Maroš Šefčovič huet am Virfeld erkläert, sollten déi 30 Prozent Douanestaxe wierklech kommen, wier dat d'Enn vum transatlanteschen Handel, wéi een e bis elo kennt. Hie géif haut nach mat sengem US-Homolog schwätzen, ma et misst een eng Léisung um Verhandlungswee fannen. Tëscht der EU an den USA bestoung 2024 en totalen Handelsvolume vun 1,7 Billiounen Euro, sou dass si reciproque déi wichtegst Handelspartner firenee sinn. Interessant dierft ginn, ob all d'EU-Länner bis den 1. August viru verhandele wëllen. Däitschland huet als Exportland schonn de Weekend dofir plädéiert, aner Länner wéi Éisträich oder Frankräich betounen awer och, et misst een den Drock op d'USA erhéijen.
Firwat setzt d'EU net op Konfrontatioun?
D'EU kéint elo scho mat Géigentaxe konteren, ma bis elo huet ee sech do dogéint entscheet, well een nach bis den 1. August verhandele wëll. Eigentlech stoung een no méintelaangen Negociatioune virun enger gemeinsamer Erklärung, an där d'EU-Länner en neien Douanestaux acceptéiere sollten, deen allerdéngs bei net méi wéi 10 Prozent leie sollt.
Optimiste ginn dervun aus, dass den Trump duerch déi nei Annonce vun e Samschdeg den Drock op déi Gespréicher erhéije wëll. Am Schreiwes erklären d'USA, et kéint ee vun den neien Taxen ofgesinn, wann d'EU d'Marchéë fir d'USA komplett opmaachen. E Facteur kéint hei Flësseggas sinn: Schonn an der Vergaangenheet hat den Trump ugedeit, d'Taxen erofzesetzen, wann d'EU méi amerikanesche Flësseggas importéiert.
Sollten dogéint europäesch Géigentaxe kommen, géifen d'USA déi zousätzlech op déi schonn annoncéiert 30 Prozent dropschloen. D'EU wëll déi Eskalatioun aktuell evitéieren. Engersäits sinn duerch d'Annonce vum Trump déi meeschten europäesch Marchéen elo scho gefall, anerersäits spillt och d'Ofhängegkeet bei der Defense eng Roll. Et fäert een, dass d'USA d'Natobündnis nees a Fro stellen.
Wat erhoffe sech d'USA vun deenen Douanestaxen?
Den Donald Trump wëll mat den Taxen den amerikaneschen Handelsdefizit vu ronn 1,29 Billiounen Dollar ausgläichen. En héijen Handelsdefizit deit drop hin, dass déi inlännesch Produktioun net konkurrenzfäeg ass an e Land méi muss importéieren, fir seng national Demande ze decken. Anerersäits ginn Observateuren och dervun aus, dass den Trump déi Sue bréicht, fir versprache Steierbaissë géigen ze finanzéieren. Den Trump geet dervun aus, dass d'Exportlänner fir déi zousätzlech Taxen opkomme mussen, ma et kéint och sinn, dass d'US-Consommateuren en Deel vun deenen zousätzleche Käschte stemme mussen, wat der Wirtschaft schuede géif.