Chefdiplomatin hofft op weidere Sanktiounspak géint Russland

© AFP
Zu Bréissel sinn d’EU-Ausseminister beieneen, fir iwwert weider Sanktioune géint Russland ze beroden.
D’EU-Chefdiplomatin Kallas hofft, dass een en Dënschdeg oder e Mëttwoch den 18. Sanktiounspak decidéiert. Do geet et haaptsächlech ëm eng nei Präisgrenz fir russesche Pëtrol. Dee läit aktuell no engem Accord vun de G7 bei 60 Euro de Baril, d’Propos war, dee Präis op 45 Dollar de Baril erofzesetzen.
Do ware verschidden EU-Länner, awer och d’USA dogéint, esou dass een elo iwwert eng méi flexibel Präisgrenz jee no Marchéspräis schwätze wëllt.
Ënnert anerem hat d’Slowakei den neiste Sanktiounspak blockéiert, well d’EU an d’Richtung goe wëllt, iwwerhaapt kee Pëtrol aus Russland méi z’importéieren. De slowakesche Regierungschef Fico huet dowéinst fir de Gas-Approvisionnement an der Slowakei gefaart.
Fir liichten Optimismus huet d’Annonce vum US-President Trump gesuergt, dass d’USA der Ukrain Patriot-Loftofwiersystemer liwwere wéilten. Den Trump hat e Méindeg betount, hie wier enttäuscht vum russesche President Putin an en huet sengem Homolog en Ultimatum gesat. Sollt deen net bannent 50 Deeg fir Fridde suergen, kéimen nei Douanestaxe géint Russland.
Um Programm vun den EU-Ausseminister steet donieft d’Situatioun an der Gazasträif, wou d’Gespréicher iwwert eng Wafferou an enger Sakgaass stiechen. Déi humanitär Situatioun ass iwwerdeems weider prekär. Eng ganz Rëtsch ONGen an an och verschidden EU-Länner fuerdere wéinst Mënscherechtsverletzungen an der Gazasträif d’Aussetze vum Handelsofkommes tëscht der EU an Israel. Dass en Accord ganz ausgesat gëtt, gëllt als onwarscheinlech, well een dofir eng Eestëmmegkeet bräicht.