Zwee Männer, déi am September 2023 ee vun den eelsten a bekanntste Beem vun England gefält hunn, goufen zu Prisongsstrofe vun iwwer véier Joer verurteelt.

Den 39 Joer alen Daniel Graham an den 32 Joer alen Adam Carruthers goufe schonn am Mee dëst Joer vun engem Geriicht zu Newcastle schëlleg geschwat, de berüümte Bierg-Ahorn beim Sycamore Gap gefält ze hunn. De Bam, dee bal 200 Joer al war, stoung bei der Hadriansmauer, engem Weltkulturierwe vun der UNESCO am Norde vun England. Den ikonesche Bam war ënner anerem 1991 am Hollywood-Film "Robin Hood: Prince of Thieves" ze gesinn.

No der Verurteelung am Mee, huet déi zoustänneg Riichterin Christina Lambert en Dënschdeg dat geneet Ausmooss vun der Strof fir déi zwee Männer verkënnegt. Allebéid musse fir jeeweils véier Joer an dräi Méint an de Prisong. D'Dot hätt der Lambert no en héicht Mooss u Planung a Preparatioun virausgesat an hätt bei de Bewunner vun der Regioun, an där de Bam stoung, fir Schock an Entsetze gesuergt.

De Graham an de Carruthers goufe jeeweils wéinst zwee Fäll vu Saachbeschiedegung verurteelt, eng Kéier um Bam an eng Kéier un der Hadriansmauer, op déi de Bam gefall war. De Schued um Bam géif sech op 622.191 £ belafen, deen un der Mauer op 1.144 £.

De Procureur Richard Wright hat wärend dem Prozess duergeluecht, wéi béid Männer bei der Dot virgaange sinn. Deemno wiere si an der Nuecht op de 27. September 2023 vu Carlisle aus mam Graham sengem Auto bei de Bam gefuer an hätten dëse bannent e puer Minutte mat enger Kettesee ëmgeseet. Duerno wiere si zeréck op Carlisle gefuer.

De Bierg-Ahorn beim Sycamore Gap war ee Symbol fir den Nordoste vun England an eng Attraktioun, déi all Joers vu Millioune vun Touriste fotograféiert gouf.