Australeschen "Outback-Killer" Bradley Murdoch am Prisong gestuerwen

© AFP/Archiv/DAVID HANCOCK
2001 hat de Bradley Murdoch de britteschen Tourist Peter Falconio an Australien ermort. Seng Iwwerreschter goufe bis haut net fonnt.
De Mäerder hat ni verroden, wou sech d'Iwwerreschter vu sengen Affer befannen, esou déi australesch Police.
2001 hat de Murdoch den deemools 28 Joer ale Falconio a seng Frëndin, déi mam Auto an der australescher Wildnis (dem "Outback") ënnerwee waren, op enger ofgeleeëner Strooss erausgewonk. De Peter Falconio gouf doropshin erschoss, seng Frëndin konnt flüchten.
2003 ass de Bradley Murdoch du verhaft an 2005 zu enger liewenslänglecher Prisongsstrof verurteelt ginn. En Dënschdeg ass hien u Keelkappkriibs gestuerwen. "Et ass zudéifst bedauerlech, datt de Murdoch gestuerwen ass, ouni, souwäit mir wëssen, jeemools d'Plaz vum Peter Falconio senger Läich ze verroden", esou d'Police. Duerch säi Schweige kéint dem Falconio seng Famill net mam Virfall ofschléissen. Trotzdeem ass weiderhin eng Belounung vu 500.000 australeschen Dollar op Informatiounen ausgesat, duerch déi d'Läich kéint fonnt ginn.
Dem Peter Falconio seng Frëndin, d'Joanne Lees, hat hir Erliefnisser spéider der Press géigeniwwer geschëldert. Den australeschen Horrorfilm "Wolf Creek" aus dem Joer 2005 baséiert deelweis op dësen.