Nees Evakuatiounen no Vulkanausbroch op Hallefinsel Reykjanes

© AFP PHOTO / PUBLIC DEFENSE DEPARTMENT OF THE STATE POLICE IN ICELAND
Kuerz viru 6 Auer moies eiser Zäit ass op der islännescher Hallefinsel Reykjanes e Vulkan ausgebrach. Et ass déi 9. Eruptioun zanter Enn 2023.
Op Videoopname war ze gesinn, wéi Lava aus dem Buedem erauskoum. Islännesche Medien no gouf d'Fëscherduerf Grindavik an dat bei Touriste beléift Thermalbad "Bláa Lónið" (lëtzebuergesch: "Blo Lagun") evakuéiert. Repercussiounen op international Flich gi sech allerdéngs net erwaart.
Schonn Enn zejoert haten déi meescht vun den insgesamt 4.000 Awunner d'Fëscherduerf Grindavik verlooss. Dat well et rezent ëmmer nees zu enger Rei un Ausbréch koum. De Staat huet zanterhier déi meescht Haiser ofkaaft.
De leschten Ausbroch op der Reykjanes-Hallefinsel war am Abrëll, insgesamt léisst sech zanter Mäerz 2021 eng erhéicht vulkanesch Aktivitéit am Gebitt erkennen. Do virdru war déi lescht Eruptioun viru ronn 800 Joer.
Mat méi wéi 30 aktive Vulkansystemer ass Island déi gréisst an aktiivst Vulkanregioun an Europa.