D'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen wëll de laangfristege Budget vun der Europäescher Unioun däitlech an d'Luucht setzen.

E Mëttwoch huet d'EU-Kommissioun zu Bréissel de Budget fir d'Joren 2028 bis 2034 presentéiert. D'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen wëll de laangfristege Budget vun der Europäescher Unioun däitlech an d'Luucht setzen, fir zousätzlech Investitiounen an d'Sécherheet an an d'Verdeedegung ze erméiglechen. Wéi d'von der Leyen e Mëttwoch matgedeelt huet, soll de Budget fir d'Joren 2028 bis 2034 bei ronn zwou Billiounen Euro leien. Dat si knapp 700 Milliounen Euro méi wéi fir déi aktuell Period virgesi sinn. Detailer huet si keng genannt.

Mam Haushaltsplang gëtt graff festgeluecht, woufir d'EU Suen ausgi wëll a wéi vill.

Nieft de méi héijen Ausgabe fir d'Sécherheet an d'Verdeedegung plangt d'Kommissioun och, fir d'Suen an Zukunft méi flexibel kënnen anzesetzen. Manner Sue solle fest verplangt ginn an et soll och manner separat Dëppe ginn. Wéi et heescht, wéilt een an Zukunft méi séier op weltwäit Entwécklunge reagéiere kënnen.

D'Propos muss elo vun den EU-Länner an dem Europäesche Parlament berode ginn. Duerno muss d'EU-Parlament da majoritär dofir stëmmen, d'EU-Länner mussen den Haushalt eestëmmeg unhuelen. Et gi sech laang a komplizéiert Verhandlungen erwaart.

Iwwer den aktuelle Budget haten d'EU-Staats- a Regierungscheffen 2020 bei engem Sommet véier Deeg an Nuechte laang diskutéiert.

De gréissten Deel vum EU-Budget gëtt vu Beiträg vun de Memberstaate gestemmt. Als sougenannt Eegemëttel fléissen den Ament virun allem Taxen an Erträg aus enger Plastiksteier op Bréissel. An Zukunft kéinten do weider Pisten dobäikommen. Beispillsweis proposéiert d'EU-Kommissioun, datt grouss Entreprisë mat engem Joresëmsaz vun iwwer 50 Milliounen Euro eng gewëssen Zomm un d'EU mussen ofginn. Iwwerleeunge gëtt et och, fir eng Steier op net fir de Recycling gesammelten Elektroschrott oder Länner een Deel vun de Recettë vun der Tubakssteier u Bréissel ofgi mussen.