A Syrien konnt eng Wafferou tëscht der reliéiser Communautéit vun den Drusen an de sunnitesche Beduinen ausgehandelt ginn.

Déi syresch Arméi hätt sech och zeréckgezunn an den Drusen d'Responsabilitéit fir d'Sécherheet an der Regioun am Süde vum Land iwwerlooss.
 
D'Drusen hunn den Zaldote reprochéiert, op der Säit vun de Beduinen ze kämpfen. Israel steet dogéint op der Säit vun der drusescher Minoritéit an hat dowéinst e Mëttwoch nees Ziler a Syrien attackéiert, dorënner och d'Haaptquartéier vun der syrescher Arméi zu Damaskus. Dem syresche Gesondheetsministère no koum dobäi ee Mënsch ëm d'Liewen an 18 weiderer goufe blesséiert.

Den UNO-Generalsekretär Antonio Guterres huet en direkt Enn vun dësen israeeleschen Attacke gefuerdert. Déi syresch Regierung huet d'Attacken als geféierlech Eskalatioun bezeechent. Syrien hätt d'Recht sech mat allen no internationalem Recht zougeloossene Mëttelen ze verdeedegen.
 
Internationalen ONGen no sinn zanter e Sonndeg bei de Kämpf tëscht Drusen a Beduinen iwwer 350 Mënschen ëm d'Liewe komm.