Lëtzebuerg huet seng Ënnerstëtzung fir d'Ukrain eropgeschrauft, heescht et e Mëttwoch an engem Communiqué vum ukraineschen Energieministère.

"Déi Lëtzebuergesch Regierung huet seng Contributioun an den ukraineschen Energie-Fong offiziell op 12 Milliounen Euro eropgesat, mat engem zousätzleche Fong iwwer 10 Milliounen Euro, dee schonn ukomm ass a fir dem Fong säi Spezialkont komplett disponibel ass", heescht et e Mëttwoch aus dem ukraineschen Energieministère.

De Lëtzebuergeschen Ausseministère hat den 9. Dezember schonn annoncéiert, eng Contributioun zum ukraineschen Energie-Fong ze maachen, allerdéngs war do nach rieds un enger Zomm vun 8 Milliounen Euro iwwer zwee Joer fir den ukraineschen Energiesecteur. "Dës Ënnerstëtzung ziilt dorop of, Schoulen, Spideeler, Waasser- an Heizungsinfrastruktur mat Energie-Equipementer ze versuergen, fir den dréngendste Bedarf ze decken an d'Ukrain laangfristeg am Beräich vun der Energie méi resilient ze maachen", huet et deemools geheescht.

D'Annonce vu Lëtzebuerger Säit, datt d'Hëllefen op insgesamt 21 Millioune géifen eropgesat ginn, koum den 1. Mee am Kader vun enger Visitt vum Ausseminister Xavier Bettel an der Verdeedegungsministesch Yuriko Backes an der Ukrain. Amplaz vun den elo vun der Ukrain matgedeelten 12 Milliounen Euro waren an deem Pak nach 10 Milliounen Euro fir d'Energie virgesinn. Eng weider 10 Milliounen Euro goufe bei der Visitt fir militäresch Ënnerstëtzung zougesot, an 1 Millioun Euro sollt un d'Fondation Olena Zelenska goen. Dat ass eng ONG vum ukrainesche President Selenskyj senger Fra, déi sech fir déi mental Gesondheet bei krichsaffektéierte Kanner asetzt.

Den ukraineschen Energieminister Herman Halushchenko huet dem Lëtzebuergesche Vollek an der Regierung e Mëttwoch Merci gesot: "Mir soen der Regierung an de Leit vu Lëtzebuerg vun Häerze Merci fir hir generéis Hëllef. D'Ukrain weess dës bestänneg Ënnerstëtzung ze schätzen." D'Sue géifen op direktem Wee dofir agesat ginn, noutwenneg Reparaturen u kritescher Infrastruktur ze bezuelen.

Zanterdeem den ukraineschen Energie-Fong am Abrëll 2022 an d'Liewe geruff gouf, koumen insgesamt schonn iwwer 1,6 Billiounen Euro vu méi wéi 33 internationale Contributeuren zesummen, heescht et aus dem ukrainesche Ministère. Eng 617 Milliounen Euro géifen awer nach feelen, fir déi dréngendst Baustellen unzegoen.