Den Akafszenter an der Stad Kut am Oste vum Land hat eréischt virun e puer Deeg seng Dieren opgemaach. E Mëttwochowend ass dunn d'Feier ausgebrach.

D'irakesch Autoritéiten hunn Ermëttlunge lancéiert, fir d'Brandursaach erauszefannen. Zeie sote Medie géigeniwwer, si hätten eng Explosioun héieren, rieds geet och vun enger Klimaanlag, déi explodéiert soll sinn. Zum Zäitpunkt vum Feier ware vill Leit am Akafszenter fir anzekafen oder fir Owes iessen ze goen. D'Feier ass Medien no um éischte Stack ausgebrach an huet sech séier am komplette Gebai, dat insgesamt 5 Etagen huet, ausgebreet.

Vum Inneministère heescht et, datt Stand Donneschdegmoien 61 Läiche fonnt gi sinn, ma d'Sich no weidere méiglechen Doudesaffer geet weider. Fir déi nächst dräi Deeg huet de Gouverneur vun der Regioun Wasit eng Staatstrauer ausgeruff an och annoncéiert, géint de Proprietär vum Gebai an der responsabeler Baufirma ze kloen. Och den irakesche Regierungschef al-Sudani huet eng "grëndlech Ënnersichung" vum Brand gefuerdert.