Beim Paragliding erofgefall
Den Extreemsportler Felix Baumgartner ass dout

Den éisträichesche Basejumper an Extreemsportler ass 56 Joer al ginn. Hien ass zu Porto Sant’Elpidio an Italien bei engem Accident gestuerwen.
Hien huet beim Paragliding d'Kontroll verluer, e wier vu sech gewiescht, sou italieenesch Medien, an ass dunn erofgefall op eng Fra, déi an engem Hotel beim Pool louch. Si gouf liicht verwonnt.
Berüümt ass de Felix Baumgartner international gi fir seng spektakulär Spréng: Am Joer 2012 ass hie mat engem Helium-Ballon an d'Stratosphär geklomm a vun do aus zréck op d'Äerd gesprongen.

Am meeschte gelies