D'Europäesch Kommissioun huet en Donneschdeg den neie pluriannuelle Budget fir d’Joren 2028 bis 2034 presentéiert.

Zwou Billiounen Euro (2.000 Milliarden Euro) ginn an där Zäit an de Grapp geholl, fir d’Investitiounen an der EU a Beräicher wéi Nohaltegkeet an Defense héichzehalen. Fir déi vill Investitioune brauch et awer och Recetten an déi wëll een ënnert anerem duerch eng iwwerschafften Tubakssteier erakréien.
 
Laang gouf diskutéiert, elo steet fest: D’Kommissioun proposéiert een ambitiéise pluriannuelle Budget, deen elo an den nächsten zwee Joer am Conseil an am Europäesche Parlament soll debattéiert ginn. Mat zwou Billiounen Euro ass dëse Budget 700 Milliarden Euro, also bal een Drëttel méi héich, wéi deen aktuellen.
 
Dozou d'Ursula Von der Leyen: "Et ass e Budget vun zwou Billioune fir eng nei Ära. Et ass ee Budget, deen déi europäesch Ambitiounen erëmgëtt, deen déi europäesch Erausfuerderunge konfrontéiert an eis Onofhängegkeet stäerkt. De Budget ass méi grouss a méi pointéiert. Et ass ee Budget fir eis Matbierger, fir eis Betriber, fir eis Partner an eis Zukunft."

D’Kontributioune vun de Memberstaate solle konstant bleiwen. Et brauch also méi Recetten, an dofir wëll een ënnert anerem duerch Steieren op den Tubak, déi un d’Kafkraaft vun den eenzele Länner ugepasst ginn, d’Keese fëllen, wéi d’Anne Calteux, Vertriederin vun der EU-Kommissioun zu Lëtzebuerg preziséiert:
 
"Mir wëlle gär, datt déi national Kontributioune stabel bleiwen. Natierlech, well mer elo méi en héige Budget uviséieren, mussen d’Sue vun iergendwou erakommen. An do ass eben d’Iddi fir d’ressources propres déi vun de Memberlänner kommen, datt mer déi verstäerkt asetzen. Do ass d’Iddi fir un d’Tubakssteieren, do unzezapen, 15% vun de Revenuen déi vun der Tubakssteier ufalen, solle vun den Etat-Memberen an de Budget fléissen."
 
Dat huet natierlech och Repercussiounen op d’Memberstaaten, virop och op de Grand-Duché. 90% vun den Zigaretten déi hei am Land kaaft ginn, gi jo am Ausland consomméiert. 2024 huet de Lëtzebuerger Staat Estimatiounen no 1,4 Milliarden Euro duerch den Tubakverkaf u Recetten erageholl. Mat der proposéierter Tubakssteier géifen d’Präisser och hei am Land e gudde Saz eropgoen an d’Kompetitivitéit zu de Präisser am Ausland erofgoen. D’Minimalbesteierung um Tubak an der EU wier allerdéngs net méi zäitgeméiss, an dowéinst missten Upassunge gemaach ginn.
 
Anne Calteux: "Déi Tauxen, déi an de Memberlänner festgesat ginn, si ganz verschidden. Dat ass net gutt fir eise Bannemaart, do entstinn och reglementaresch Loop Holes, dat wëlle mer alles net, an dofir hu mer decidéiert, nei minimal Tauxen fest ze setzen, déi der Kafkraaft an den Etat-Memberen, also der Wirtschaftssituatioun Rechnung droen. Dat gëtt duerno vill méi eng equitabel Realitéit, déi dann och vun den Etat-Memberen méi einfach kann ëmgesat ginn."
 
D’Propos léich um Dësch, elo misst de Conseil driwwer debattéieren. D’Kommissioun géif sech awer erhoffen, datt den Text ambitiéis bleift.

De Plang, deen e Mëttwoch presentéiert gouf, gesäit vir, datt d' Baueren dräihonnert Milliarde kréien, wat ronn zwanzeg Prozent manner si wéi bis ewell. D'Bauereverbänn schwätze vun engem schwaarzen Dag fir d'europäesch Landwirtschaft. Och de Marc Fisch vun der Lëtzebuerger Bauerenzentral seet, déi Kierzung wier fatal:
 
"Et muss ee wëssen, datt vun de 60 Joer un, d'Liewensmëttelsécherheet nëmme konnt festgehale ginn, well einfach Budgeten do waren, an eng gemeinsam Agrarpolitik do waren, fir déi Liewensmëttelproduktioun kënnen ze maachen."
 
D'Lëtzebuerger Bauerenzentral fuerdert, datt d'Politiker dem Plang net zoustëmmen, fir d'Sécherheet vun der Landwirtschaft an der Liewensmëttelproduktioun an Zukunft weider ze garantéieren.