US-President Trump huet chronesch Veene-Krankheet

Den Donald Trump huet eng Krankheet vun de Veenen am Been, déi virun allem bei eelere Mënsche virkënnt.
Iwwerdeems huet d'Porte-Parole Karoline Leavitt matgedeelt, datt den 79 Joer alen Trump bei beschter Gesondheet wier.
Dës Insuffizienz wier eng net liewensgeféierlech, heefeg Erkrankung bei Persounen iwwer 70 Joer. Et géing och keng Hiweiser fir eng déif Thrombose oder arteriell Erkrankung ginn. De President géing eben vill schaffen a wier vill op de Been.
US-Medien hate Bluttergëss un der Hand vum amerikanesche President a Schwellungen u senge Been bemierkt. Hie gëtt ville Leit d'Hand an hëlt Aspirin, sou d'Erklärung vum Leavitt.
Nach am Abrëll hat den Donald Trump gesot, hien hätt sech nach ni besser gefillt.