De Parquet vu Bamberg huet fënnef Leit verhafte gelooss, well si géint Suen illegalen Zougang zu Streamingdéngschter verbreet sollen hunn.

Hinne gëtt virgehäit, am grousse Stil géint d'Copyright-Rechter verstouss ze hunn, esou déi bayresch Ermëttler e Freideg. Bei der Razzia goufen d'Männer am Alter vu 25 bis 27 Joer festgeholl. Bei hinne goufe Boergeld, Goldmënzen a Kryptowärunge fonnt, déi méiglecherweis als Schuedenersatz kéinte geholl ginn. Si haten e Wäert vun ongeféier enger hallwer Millioun Euro.

Den Haaptverdächtegen ass e 25 Joer ale Softwareentwéckler aus dem bayresche Landkreess Tierschenreuth. Engem Mann aus Hamburg gëtt nieft dëser Dot och nach virgeworf, Leit ugestëft ze hunn, fir Kanner sexuell ze mëssbrauchen. D'Police huet bei der Razzia Ufank Juni Serveren, Handyen, USB-Sticken a Spillkonsole saiséiert.