An engem Gespréich mam israeelesche Premier huet de Leo XIV. nach emol säi Wonsch no enger Wafferou an der Gazasträif manifestéiert.

No der déidlecher israeelescher Attack um Donneschdeg op eng kathoulesch Kierch an der Gazasträif huet den israeelesche Premier Netanjahu dem Poopst Leo XIV. ugeruff. Dräi Mënsche ware bei där Attack ëm d'Liewe komm. Rieds geet och vun 10 Blesséierter.

Den neie Poopst huet am Telefonsgespréich nach eng Kéier widderholl, et bräicht dréngend eng Wafferou an der Gazasträif an en Enn vum Krich tëschent Israel an der Hamas. Hie seet sech besuergt iwwer déi "dramatesch humanitär Situatioun" an der Gazasträif. Virun allem d'Kanner, eeler Leit a vulnerabel Persoune géifen de Präis bezuelen. De Leo XIV. huet och rappelléiert, datt Glawenshaiser musse protegéiert ginn, besonnesch a Krisegebidder.

Vun israeelescher Säit huet et en Donneschdeg nach geheescht, et géing een nimools reliéis Gebaier viséieren. De Fall géing ënnersicht ginn. Engem Porte-parole vun der israeelescher Regierung no wier et e frëndlecht Gespréich gewiescht, an deem hire Premier sech fir déi iertemlech Attack entschëllegt hätt. Tëscht béide Männer soll et geschwënn zu enger Renconter kommen.