Musse geschwë méi wéi 11 Millioune Leit Honger leiden?

D'UNO fäert, datt op en Neits Millioune Flüchtlinge wichteg humanitär Hëllefsleeschtunge verléieren, well net genuch Suen do sinn.
Wéinst massive Budgetskierzunge bei der Finanzeierung vun Hëllefsorganisatioune riskéieren, Aussoe vun der UNO no, Millioune Flüchtlingen, wichteg humanitär Hëllefsleeschtungen ze verléieren: "Bis zu 11,6 Millioune Flüchtlinge" kéinten den Zougang zu Hëllef vum UNO-Flüchtlingshëllefswierk (UNHCR) verléieren, sot d’UNHCR-Representantin Dominique Hyde e Freideg viru Journalisten zu Genf. "Mir maachen eis grouss Suergen ëm d’Flüchtlingen an déi Verdriwwen op der ganzer Welt", esou d'Dominique Hyde weider.
"En déidleche Cocktail"
D’Mëschung aus "Verdreiwung, déi zouhëlt, Finanzmëttel, déi erofginn, a politescher Apathie" géif d’Flüchtlingen op der ganzer Welt a Gefor bréngen, heescht et an engem aktuelle Rapport vum Hëllefswierk. Dem Dominique Hyde no géif et sech dobäi ëm "en déidleche Cocktail" handelen.
D’UNHCR bräicht dëst Joer 9,1 Milliarden Euro, fir seng Programmer ze finanzéieren. Bis elo hätt d’Organisatioun awer just 23 Prozent dovu vun de Memberstaate vun der UNO kritt. Wéinst dem Budget, dee feelt, missten elo wichteg Programmer am Wäert vun 1,4 Milliarden Dollar gekierzt oder komplett agefruer ginn.
UNHCR muss spueren
Schonn de leschte Mount hat d’UNHCR ugekënnegt, hir Personalkäschten ëm ronn een Drëttel mussen ze reduzéieren a ronn 3.500 Aarbechtsplazen ofzebauen.
Besonnesch d’Kierzunge vun der US-Auslandshëllef duerch d’Regierung vum US-President Donald Trump haten d’UN-Organisatiounen schwéier getraff.
Direkt nom Eed am Januar hat den Donald Trump per Dekreet d’US-Auslandshëllef agefruer a spéiderhin 83 Prozent vun de Programmer vun der US-Entwécklungshëllefsagence (USAID) gestrach. De President hat zousätzlech d’Opléise vun där Agence ugekënnegt.
Déi massiv Kierzungen hunn Hëllefsorganisatioune geschockt – Millioune Mënschen hunn doduerch liewenswichteg Ënnerstëtzung verluer.