D’Zeitung hat en Donneschdeg en Artikel iwwert dem Trump seng Frëndschaft mam Jeffrey Epstein publizéiert.

Den US-President Trump verklot de Wall Street Journal an de Proprietär Rupert Murdoch fir op d'mannst 10 Milliarden US-Dollar wéinst Diffamatioun. D’Zeitung hat en Donneschden en Artikel iwwert dem Trump seng Frëndschaft mam Jeffrey Epstein publizéiert, dee gëllt jo als presuméierte Mënschenhändler vu mannerjärege Meedercher, déi e systematesch sexuell mëssbraucht an och anere Männer ugebuede soll hunn. D’Zeitung hat en Donneschde gemellt, dass den Trump dem Epstein 2003 e Bréif fir de Gebuertsdag geschriwwen hat, deen op eng Verwécklung an de Sexhandel hindeite soll.

Den Journal wëllt sech elo, wéi et an engem Communiqué heescht "energesch" géint d’Plainte verdeedegen. Gläichzäiteg huet de Justizministère elo ugefrot, fir d’Dossieren zu der Plainte géint den Epstein fräizeginn, dobäi geet et ëm d’Protokoller vun der sougenannter Grand Jury, déi an den USA decidéiert, ob d’Beweiser duerginn, fir eng Uklo. 
Et sinn awer, anescht wéi vu villen Trump-Supportere gefuerdert, net all d’Resultater vun der Enquête géint den Epstein. Onkloer ass och, op se iwwerhaapt publizéiert ginn.

Dem Trump seng Unhänger fuerdere scho méi laang, dass d'Clientslëscht vum Epstein public gemaach gëtt, ma d’Justiz-Ministesch Pam Bondi wëllt no uganks aneren Aussoen elo bemol näischt vun esou enger Lëscht wëssen. Dat suergt fir Roserei ënnert den Trump-Wieler. Den Epstein hat sech iwwerdeems viru sengem Prozess a senger Zell erhaangen, wat d’Verschwörungstheorien iwwert e weltwäiten elitäre Ring u Pädophille weider alimentéiert huet.