E Freidegowend koum et op der Düsseldorfer Rheinkirmes zu engem Accident mat Freedefeier, woubäi 19 Persoune blesséiert goufen, dorënner 4 schwéier.

Dat huet e Spriecher vun der Police géigeniwwer der Noriichtenagence AFP gesot. Wéi et weider heescht, ass e Freedefeier net wéi geplangt um Himmel, mee "no um Buedem" explodéiert. Pompjeeën a Rettungsdéngschter ware mat engem groussen Dispositif op der Plaz, déi Blesséiert goufen an e Spidol bruecht.

D'Organisateuren hunn nom Accident decidéiert, d'Kiermes virzäiteg zouzemaachen. Och soll gepréift ginn, ob wéinst dem Virfall dat traditionellt Freedefeier an den nächste Joren nach soll ofgehale ginn.

RTL

© David Young / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP

Wéi op engem Video vum Freedefeier an de soziale Reseauen ze gesinn ass, gouf et direkt e puer Explosiounen op relativ niddereger Héicht.