D'Säck, déi am Virgäertche vum Regierungssëtz ofgestallt goufen, enthale schwaach radioaktive Buedem, dee beim AKW zu Fukushima agesammelt gouf.

Mat dëser Aktioun wëll déi japanesch Regierung beweisen, datt de Buedem 14 Joer no der Atomkatastroph zu Fukushima ongeféierlech ass. E gouf Medieberichter no a Blummestäck verstreet.

D'Atomkraaftwierk zu Fukushima war den 11. Mäerz 2011 vun enger bal 15 Meter héijer Tsunami-Well getraff ginn. De Killsystem vum AKW ass doropshin ausgefall an et koum an dräi vun de sechs Reakteren zu enger Kärfusioun. D'Ongléck zu Fukushima gëllt als schlëmmsten Nuklearaccident zanter deem vun Tschernobyl vun 1986.

Kuerz no der Katastroph war iwwer grouss Landstécker an der Regioun Fukushima am Mäerz 2011 eng Schicht vum kontaminéierte Buedem ofgekraazt an an Anlagen an der Géigend vum AKW gelagert ginn. Bis 2045 muss de Buedem an aner Deeler vum Land verlagert ginn, mee kaum ee wëll e hunn, dat obwuel d'Regierung ëmmer nees betount, d'Stralungswäerter wieren niddereg.

RTL

© Takehiko Suzuki / Yomiuri / The Yomiuri Shimbun via AFP