Tomorrowland-Festival
Belsch Autoritéite confirméieren Doud vu 35 Joer aler Kanadierin

© Marius Burgelman / Belga / AFP
No engem schwierege Start fir den Tomorrowland-Festival an der Belsch, kënnt elo eng weider traureg Nouvelle.
Déi belsch Autoritéiten hunn den Doud vun enger Fra confirméiert. Déi 35 Joer al Kanadierin hätt e Freideg den Owend um Opening ee Malaise gemaach a wier doropshin an d'Spidol komm. Do hätt just nach kënnen hiren Doud festgestallt ginn, deelt de Parquet vun Antwerpen mat.
D'Doudesursaach soll elo gekläert ginn. Dofir gouf eng Enquête an d'Weeër geleet. E Mëttwochowend, also zwee Deeg virum Start vum Festival, war d'Haaptbün komplett a Flamen opgaangen a gouf dobäi komplett zerstéiert.
Am meeschte gelies