USA
Zu Los Angeles ass en Auto an e Grupp vu Leit gefuer, 30 Persoune blesséiert

Dräi dovun schwieren an Liewensgefor, heescht et vun den Autoritéiten. 5 Leit wieren uerg blesséiert.
ABC News no deiten déi virleefeg Enquêten dorop hin, datt de Chauffer vu sech war. Hie wier virun enger Disco an d'Leit gerannt. Offiziell goufen déi Aussoen awer nach net confirméiert. D'Plaz vum Accident läit an der Géigend vun de berüümten Touristenattraktiounen vun Hollywood wéi dem Sunset Boulevard an dem Walk of Fame. Stand Sonndeg ass d'Zuel vun de Blesséierten op 30 geklommen.

Am meeschte gelies