An der berüümter Bucht Halong ass d'Boot um Samschdeg de Mëtteg ënnergaangen. 5 Persoune ginn nach ëmmer vermësst.

D'Ursaach vum Accident soll onerwaarten heftege Reen gewiescht sinn.

Déi 48 Passagéier, déi u Bord waren, sollen haaptsächlech Familljen aus der vietnamesescher Haaptstad Hanoi gewiescht sinn, dorënner waren deemno och 20 Kanner. Donieft ware 5 Crew-Memberen u Bord.

E Samschdeg am Nomëtte goung nach Rieds vun 18 Doudegen, de Bilan ass entretemps op 38 geklommen, mat 5 Leit, déi weiderhi vermësst ginn. 11 Persoune konnte gerett ginn, d'Autoritéiten hunn iwwerdeems nach d'Läiche vu 34 Passagéier an 3 Crew-Membere fonnt.

D'Sich no 5 weidere Persounen ass e Sonndeg weidergaangen.