De Bilan vun den Doudegen a Südkorea no schroem Reen klëmmt op 17

© Gyeongsangnam-do Fire Department/AFP/Handout
11 Persoune ginn nach ëmmer vermësst. Am schwéierste getraff ass d’Provënz Sancheong am Süde vum Land.
A Südkorea ass Monsun-Reen fir dës Zäit net ongewéinlech, mee zanter enger Woch ginn awer nei Rekordwäerter gemooss mat méi heefegem an intensivem Reen, dee fir vill Iwwerschwemmungen an Äerdrutschen den Ament suergt.
Extreemt Wieder gouf sech iwwerdeems och zu Hongkong erwaart, wou den Taifun "Wipha" iwwer d'Stad gezunn ass. Et war déi éischte Kéier zanter zwee Joer, datt een heifir déi héchst Alerte ausgeruff hat, um Enn war den Impakt awer manner schlëmm ausgefall, wéi geduecht. D'Alerte war wärend 7 Stonnen um Niveau 10, wat déi héchst ass, gouf spéider awer nees op 8 erofgesat. De Wiederdéngscht warnt trotzdeem, datt d'Gefor nach net komplett eriwwer ass.