Syrien
Waffestëllstand tëscht Druse-Minoritéit a sunnitesche Bedouine-Stämm hält

Am bluddege Konflikt, deen d’lescht Woch eskaléiert ass, si bis elo iwwer 1.000 Mënschen ëm d’Liewe komm.
Nieft de lokale Gruppe waren och d’syresch Regierung, d’israelesch Arméi an aner arméiert Gruppéierungen mat involvéiert. De syreschen Observatoire fir Mënscherechter huet e Sonndeg gemellt, datt et an der Provënz Suwaida zënter Mëtternuecht roueg bliwwen ass. Syresch Regierungstruppen si sur place stationnéiert, fir nei Gewalt ze verhënneren.
Am meeschte gelies