Ëmweltschutz geséich an Zukunft anescht aus, géif awer net ofgeschaaft, esou de Christophe Hansen zum Redaktionsnetzwerk Deutschland.

Den EU-Landwirtschafts-Kommissär Christophe Hansen huet an der Debatt iwwert d’Reform vun der europäescher Agrarpolitik d’Reprochen zeréckgewisen, dass Ëmwelt- an Naturschutz-Oplagen elo däitlech zeréckgeschrauft géifen.

Ëmweltschutz geséich an Zukunft anescht aus, géif awer net ofgeschaaft, esou de Christophe Hansen zum Redaktionsnetzwerk Deutschland. Déi grouss Linne kéime weider vun der EU-Kommissioun.

Donieft huet de Kommissär fir méi jonk Leit an der Landwirtschaft plädéiert, de Beruff vum Bauer bräicht e besseren Image a méi Ureiz, zum Beispill iwwert en EU-Stipendium fir jonk Baueren, déi alternativ Iddie fir de Secteur hunn. Den Undeel vu Baueren ënner 40 Joer misst vun 12 op 15 Prozent eropgoen.