Den 21. Juli ass de belschen Nationalfeierdag, vill Butteker hunn dofir haut zou.

Den 21. Juli 1831 gouf de Prënz Leopold vu Sachsen-Coburg-Saalfeld op der Grande Place zu Bréissel vereedegt. De Kinnek vun de Belsch hat eréischt véier Deeg virdrun op der Plage zu De Panne fir déi éischte Kéier belsche Buedem betratt. Zanter 1890 ass dësen 21. Juli de Belsch hiren Nationalfeierdag.

Eis Nopere freeë sech also iwwert e verlängerte Weekend. Wien haut an eist Nopeschland wollt shoppe goen, muss dat op en aneren Dag verleeën. Bekannte Butteker an der Grenzregioun sinn haut zou.