Lëtzebuerger Projet op der "Learning and Playing Week"
Wéi funktionéiert innovatiivt Léieren? Vertrieder vum Educatiounsministère a vun der Uni Lëtzebuerg huelen un deem thematesche Schwéierpunkt deel.
Dës Woch steet d’Weltexpo zu Osaka ganz ënnert dem Motto: „Learning and Playing“. Fir dësen thematesche Schwéierpunkt ass eng Delegatioun aus Lëtzebuerg op Osaka gereest.
D‘Lëtzebuerger Delegatioun zu Osaka fir d’“Learning and Playing Week“ besteet aus fënnef Leit vum Educatiounsministère, déi zesumme mat Vertrieder vun der Uni Lëtzebuerg an de Pavillone Lëtzebuerg, Schwäiz a Belsch hir Projete presentéieren a weisen, wéi innovatiivt Léiere funktionéiert.
Och de SCRIPT, also de Service de Coordination de la Recherche et de l'Innovation pédagogiques et technologiques, ass op der Ausstellung. Wéi och aner Länner, wëll de SCRIPT weisen, wéi si ëmmer nees un neie Konzepter schaffen, fir d’Léieren divers ze gestalten, erkläert den Direkter vum SCRIPT de Luc Weis. Dofir goufen zwee Projeten ausgeschafft, déi dono och zu Lëtzebuerg solle kënnen ëmgesat ginn. Zil ass et, mat de Visiteure vun der Weltexpo an den Austausch ze goen, mee hinnen natierlech och Lëtzebuerg méi no ze bréngen. A virun allem Kanner a Jugendlecher sollen de Grand-Duché a seng flott spilleresch Léiermethode kenneléieren.
"De SCRIPT huet hei zwee Ateliere matbruecht, wou Schülerinnen an d’Schüler, an och déi aner Visiteuren, kënne Musekskompositioune maachen - heescht si kënnen hiert eegent Lëtzebuerger Lidd komponéieren. Donieft leeft parallel e Lëtzebuerg Quiz, an deem een eng Partie Froe gestallt kritt, a wann een déi all geléist huet, gëtt een e sougenannte "Luxembourg Expert" a kritt säin eegene Badge."
Dës individualiséiert Badgë kommen immens gutt un. E ganz groussen Deel vun de Visiteuren, déi bis zu zwou Stonne waarde mussen, fir an de Lëtzebuerger Pavillon ze kommen, si Japaner. Dat bréngt fir d’Mataarbechter vum SCRIPT ee groussen Challenge mat sech:
"Et ass effektiv esou, datt d’Visiteuren hei oft just Japanesch schwätze kënnen, dofir hu mir eis am Virfeld iwwerluecht, wéi mir domat ëmginn. Mir hunn eis Aktivitéiten engersäits sproochfräi gemaach, an anerersäits, do wou Sprooch gebraucht gëtt, hu mir et op Englesch an op Japanesch preparéiert."
D’Kommunikatioun ass also net ganz einfach, mee mat Gesten, engem Laachen an engem Handy, dee séier wichteg Saachen iwwersetzt, klappt dat awer ganz gutt, erkläert den Direkter Luc Weis. An de Feedback vun de Visiteure vum Pavillon ass bis elo immens positiv.