De britteschen Ausseministère huet en Opruff verëffentlecht, an deem en direkt Enn vum Krich an der Gazasträif gefuerdert gëtt.

Am Opruff, deen um Internetsite vun der brittescher Regierung ze liesen ass, fuerdere 26 Parteien - dovu 25 Ausseminister an een EU-Kommissär - en direkt Enn vum Krich an der Gazasträif.

D'Leed vun der ziviller Populatioun an der Gazasträif hätt nei Ausmoossen erreecht, heescht et. D'Aart a Weis, op déi Israel d'Verdeelung vun Hëllef an der Gazasträif verdeelt, géif Instabilitéit fërderen an de Leit am Gebitt hir Mënschlechkeet ewechhuelen. Weider heescht et, dass een dat onmënschlecht Ëmbrénge vun Zivilisten, déi nëmmen hir Grondbedierfnesser wéilten erfëllen, géing verurteelen. Iwwer 800 Palästinenser wieren antëscht ëm d'Liewe komm, wéi si Hëllef gesicht hätten, eppes, wat engem géing Angscht maachen. Israel misst sech beim Zougang zu humanitärer Hëllef un internationaalt, humanitäert Recht halen.

Op der anerer Säit wier awer och d'Leed vun deene Mënschen ze verurteelen, déi de 7. Oktober 2023 vun der Hamas an d'Gazasträif verschleeft goufen, verurteelt. D'Geisele missten direkt an ouni weider Bedéngunge fräikommen. D'Aushandele vun enger Wafferou géing déi bescht Chance dorop bidden, dass dat de Fall gëtt.

D'israeelesch Regierung misst hirersäits alleguerten d'Restriktioune fir den Zougang vun humanitärer Hëllef an d'Gazasträif op d'Säit schafen an d'UN-Organisatiounen an d'ONGen op der Plat hir Aarbecht maache loossen, déi géing Liewe retten.

Schliisslech schätze sech d'Signataire géint de de sougenannten "E1-Besidelungsplang" vun der israeelescher Zivilverwaltung aus. Dëse géif dat palästinensescht Gebitt an zwee deelen. Dat wier e flagrante Broch vun internationalem Recht a géif eng Zwee-Staate-Léisung eeschthaft ënnergruewen.

Den Opruff gouf vun den Ausseminister un Australien, Éisträich, der Belge, Kanada, Dänemark, Estland, Finnland, Frankräich, Island, Irland, Italien, Japan, Lettland, Litauen, Lëtzebuerg, Holland, Neiséiland, Norwegen, Polen, Portugal, Slowenien, Spuenien, Schweeden, der Schwäiz a Groussbritannien, grad ewéi vum EU-Kommissär fir Gläichheet a Krise-Virbereedung a -Management ënnerschriwwen.