Gespréicher mat Betraffene vun der Communautéit zu Lëtzebuerg
Virun 8 Méint gouf Syrie jo erléist vun der Diktatur vum Bashar al-Assad...
Mee den Interimspresident Ahmed al-Sharaa huet et bis ewell net fäerdeg bruecht, d’Land mat senge villen Ethnien ze stabiliséieren an erëm zesummenzeféieren. Seng Truppe kämpfe géint Minoritéiten. Ugangs des Joers goufen d’Alawiten attackéiert. De Regime zu Damaskus kritt och d’Chrëschten am Land net geschützt an elo sinn am Süde vu Syrien bannent enger Woch méi wéi 1.000 Leit ëm d’Liewe komm bei Ausenanersetzungen tëscht Sunittten an Drusen. De Petz Bartz huet mat Vertrieder vun dëser Reliounsgemeinschaft zu Lëtzebuerg geschwat.
Déi schwéier Konfrontatiounen vun der leschter Woch si virleefeg gestoppt. D’Rou elo ass awer ganz prekär. Fir den Ament blockéiert de syresche Militär d’Milize vun de Beduinen aus der Regioun al-Suwayda, fir weider Massaker un den Drusen ze verhënneren. D’lescht Woch nach stounge se op der Säit vun de sunnitesche Beduinen an hunn aktiv un de Kämpf deelgeholl géint déi reliéis Minoritéit vun den Drusen. Drusen aus dem Süde vu Syrien hei zu Lëtzebuerg hu laang ëmsoss probéiert, an de leschten Deeg u Familljen a Frënn ze kommen, déi nach ëmmer do liewen a vun deene se kaum Noriicht kréien.
Biller vun haut vun al-Suwayda schockéieren d’Communautéit. Läichen an de Stroossen. De radikalislamistesche Regime vum Ahmed al-Sharaa zu Damaskus géif säi richtegt Gesiicht weisen. Entweder en hätt seng Truppe net ënner Kontroll, oder d’Massaker sinn de Plang.
Den Interimspresident wier net amstand, d’Land zesummen ze bréngen a géif versichen, e neit sunnitescht Kalifat opzebauen an d’EU géif nokucken, sou d’Virwërf. Fir d’Drusen ass den Dram vun engem vereenegte Syrien gestuerwen.