An enger hallwer Dose Quartiere gëllt dëse Couvre-feu elo iwwert de Summer vun 21 Auer bis moies 6.

Domadder wéilt een déi schützen, déi net an den Drogenhandel involvéiert sinn, huet sech de Buergermeeschter Jean-Paul Fournier erkläert, dee vun enger Situatioun schwätzt, déi net méi ze toleréieren wier. Et géif e Klima vun Angscht herrschen, duerch ëmmer méi Virfäll mat Schosswaffen. Och an anere franséische Stied an a Quartiere vu Paräis gëllen änlech Restriktiounen.