Kreml hat Mësstrauensvott géint von der Leyen promouvéiert

© Dursun Aydemir / ANADOLU / Anadolu via AFP
Et gëtt Indicen, dass de Kreml de Mësstrauensvott géint d'EU-Kommissiounspresidentin promouvéiert hat, an domat zu Bréissel op oppen Ouere gestouss war.
Déi litauesch onofhängeg Organisatioun „Bebunk.org“ an déi finnesch „CheckFirst“ hunn zegdausend Artikelen a Posts vu russesche Medien a Kanäl ausgewäert, déi mam gescheiterte Mësstrauensvott géint d‘EU-Kommissiounspresidentin von der Leyen ze dinn hunn.
Ënner anerem de Spiegel an d‘Bild-Zeitung haten online iwwer d‘Resultater informéiert. An déi si kloer: de russesche President Putin huet vu senge Propaganda-Reseaue profitéiert fir um Stull vun der EU-Cheffin ze seeën. Virop mat falschen Narrativen.
An all drëttem vun den 284 Artikelen, déi „Bebunk.org“ analyséiert huet, gëtt verbreet, nëmmen den Depart vun der von der Leyen kéint Europa retten. Dacks gëtt och behaapt, d‘EU-Cheffin géif enger korrupter Elite ugehéieren. An et gëtt ënnerstrach, dass si hir Messagen un de Chef vum Pfizer-Konzern net ëffentlech wëll maachen. Et ginn allerdéngs keng Beweiser dofir, dass si hiert Amt violéiert hätt.
Och Deputéiert zu Bréissel goungen op déi russesch Narrativer an. A sou war de sougenannte „Pfizer-Gate“ den offiziellen Ophänkert fir de Mësstrauensvott den 10. Juli. Allerdéngs haten nëmmen 175 vu 720 EU-Deputéierten dofir gestëmmt, virun allem déi riets a wäit lénks. Dorënner de Lëtzebuerger Fernand Kartheiser vun der ADR, deen aktuell ouni Fraktioun ass. Vill vun hinne fuerderen eng aner Russland-Politik a stellen d‘Ënnerstëtzung fir d‘Ukrain a Fro.
Wéi och den ungaresche Premierminister Viktor Orban, deen als Frënd vum russesche President Putin gëllt an dacks géint d‘EU stëppelt. Hien hat zum Beispill eng Fotomontage mat der Ursula von der Leyen op de soziale Reseaue gedeelt, op där ze liese war: „Zäit ze goen“. Se gouf véier Millioune mol gekuckt an 20.000 mol gedeelt.