An Italien soll e Feierdag dobäikommen, dat zu Éiere vum Franziskus vun Assisi.

Den italieenesche Staatspresident Sergio Mattarella huet dësen neie staatleche Feierdag um 4. Oktober och schonn accordéiert, wéi de Palais e Mëttwoch offiziell matgedeelt huet. Nei ass dëse Gedenkdag allerdéngs net. 1958 gouf et de Gedenkdag zu Éiere vum Franziskus vun Assisi schonn, deen awer 1977 am Laf vun enger Feierdagsreform nees ofgeschaaft gouf.

Den 13. Feierdag an Italien soll an Zukunft d'Wäerter vum Fridden, der Fraternitéit, dem Ëmweltschutz an der Solidaritéit fërderen. D'Gesetz muss elo just nach gréng Luucht vun den Deputéierten a vum Senat kréien. Nach net ganz kloer ass, ob de Feierdag just dem hellege Franziskus gëllt oder och der helleger Katharina vu Siena. Hire Festdag fält nämlech och op de 4. Oktober.

Näischt maachen, ass dann awer net sou ganz virgesinn.Op dësem Feierdag sollen zum Beispill Schoulen entspriechend Initiative fërderen, déi mat Wäerter, déi fir déi zwee Helleg stinn, am Aklang sinn. An och do gëtt et nach e Knackpunkt, op Feierdeeg sinn d'Schoulen offiziell zou. D'Detailer wäerte bis zum definitiv Accord also nach musse gekläert ginn.

Den hellege Franziskus vun Assisi (ëm 1181–1226) ass de Schutzpatroun vun Italien an eng vun de bedeitendste Personnagen an der kathoulescher Kierch.