Bau vun éischtem neien Atomreakter a Japan gëtt gepréift

D'Atomkraaftwierk zu Mihama /
Image
Wikimedia / Alpsdake
Eng éischte Kéier zanter der Katastroph vu Fukushima 2011 gëtt de Bau vun engem neien Atomreakter gepréift.
D'Energie-Entreprise Kansai Electric géing eng geologesch Iwwerpréiwung aleeden, fir "d'Méiglechkeet ze bewäerten, en Ersatzkraaftwierk fir d'Atomkraaftwierk vu Mihama ze bauen", huet de President vu Kansai Electric erkläert. Wéinst de "limitéierten natierleche Ressourcen an eisem Land (...) ass et wichteg, datt d'Nuklearenergie an den nächste Joren eng Roll spillt", huet den Nozomu Mori betount.
D'Mier beim Atomkraaftwierk Fukushima war kuerz no engem schwéiere Biewen den 11. Mäerz 2011 vun engem bal 15 Meter héijen Tsunami getraff ginn. De Killsystem vum Kraaftwierk war ausgefall, an an dräi vun de sechs Reakter koum et zu enger Kärschmelz. Et war dat schlëmmst Atom-Ongléck zanter Tschernobyl 1986.
Dono hat Japan virop all seng Reakter ofgeschalt - och déi dräi Reakter zu Mihama, nërdlech vu Kyoto. Kansai Electric huet deemools decidéiert, eng lafend Enquête fir e méiglechen Ersatz vun engem vun de Reakter zu Mihama op Äis ze leeën.
Antëscht goufe sëllege Reakter a Japan nees a Betrib geholl. Déi japanesch Regierung stellt sech weider hannert d'Nuklearenergie als zouverlässeg a propper Energie. Och déi grouss Entreprisë vum Land fuerdere méi Atomkraaft, well Japan méi Stroum fir Kënschtlech Intelligenz an Datenzentere brauche géing.