320 Millioune Beem stierwen all Joer weltwäit duerch Blëtzaschléi
Et ass eng wansinneg héich Zuel: Eng 320 Millioune Beem stierwen all Joer weltwäit, well e Blëtz a se ageschloen ass.
Zu deem Resultat komme Fuerscher vun der Technescher Uni zu München, déi hir Modellrechnungen en Dënschdeg presentéiert hunn. Dora geet et nëmmen ëm déi direkt Konsequenzen duerch Blëtzaschléi. Verloschter vu Beem duerch Bränn, déi duerch Blëtzer verursaacht ginn, goufen net erfaasst.
Domat sinn der Etüd no Blëtzschléi fir 2,1 bis 2,9 Prozent vun der planzlecher Biomass, déi pro Joer ofstierft, responsabel. De Verloscht vu Biomass, deen esou verursaacht gëtt, setzt global ronn 770 bis 1.090 Milliounen Tonne Kuelendioxid fräi. Dat ass deemno ongeféier déi selwecht Gréisstenuerdnung wéi déi ronn 1.260 Milliounen Tonnen CO2, déi all Joer bei Vegetatiounsbränn duerch d'Verbrennung vu liewege Planze fräigesat ginn.
Blëtzschied a Bëscher sinn nëmme schwéier z'erkennen a goufen nëmmen an e puer Bëscher systematesch analyséiert. Wéi vill Beem weltwäit all Joer un den direkte Konsequenze vu Blëtzaschléi stierwen, war bis ewell net gewosst.
An Zukunft kéinten déi direkt Blëtzaschléi de Wëssenschaftler no duerch méi Donnerwieder klammen. D'Modeller ginn dovun aus, datt d'Heefegkeet vu Blëtzer virun allem a mëttleren an héije Breede klamme wäert.